Heavy Petrol spillen zweet Aircheck Session

Aircheck Session - Heavy Patrol

No engem éischten erfollegräichen Optakt vun den Aircheck Sessions mat engem Optrëtt vun der Band Tuys an der Kulturfabrik (lauschtert hei de ganze Concert) ass dëse Samschdeg eng weider Editioun - dës Kéier mat der Lëtzebuerger Blues-Band Heavy Petrol.

Am Virfeld op de Concert, den 12.12. um 17:00 ouni Publikum, dofir awer bei eis live op der Antenn, huet den Jamie Reinert sech mam Steve Richer, Gittarist vun Heavy Petrol, ënnerhalen. Am Gespréich hu si net nëmmen iwwer dee bis ewell dräi Mol misste verréckelte Release vum Album "The Last Barrel" geschwat, op deem de Frontman Woody Lunari villes aus sengem Liewe verschafft huet, mee och e Bléck an d'nächst Joer gewot.
Lauschtert hei dee ganzen Interview mam Steve Richer.

Heavy Petrol: dëse Samschdeg, den 12. Dezember, an enger Aircheck Session an der Kulturfabrik. De Concert gouf live vu 17:00-18:00 um radio 100,7 diffuséiert. 

Lauschtert de Concert hei.

Aircheck Sessions: trotz Pandemie live Musek genéissen.
Eng Initiativ vum radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

  • Resonanzen

  • On air

    Am Nomëtteg vun 3 bis 6

  • Panorama

  • Tockcity

  • The Benny Brown Show

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen