Great Mountain Fire spillen drëtt Aircheck-Session

Aircheck mat Great Mountain Fire

Dëse Samschdeg ass déi nächst Aircheck-Session an der Kulturfabrik. Dëse Concert gëtt um 17 Auer um radio 100,7 iwwerdroen. Op der Affiche: déi belsch Pop-Formatioun Great Mountain Fire. Si hunn dëst Joer hiren drëtten Opus "Movements" erausbruecht.

De Sänger a Frontmann Thomas de Hemptinne verréit am Interview, wéi Great Mountain Fire 2020 iwwerbréckt huet a wéi d'Release vum Album verlaf ass.

Great Mountain Fire: dëse Samschdeg, den 19. Dezember, an enger Aircheck Session an der Kulturfabrik. Lauschtert de Concert an eiser Mediathéik.

Aircheck Sessions: trotz Pandemie live Musek genéissen. Eng Initiativ vum radio 100,7 zesumme mat der Kulturfabrik. Fir iech op dës drëtt Editioun anzestëmmen, lauschtert hei d'Aircheck-Session vun der Rockband Tuys an hei déi vun der Bluesband Heavy Petrol.

Net verpassen

  • 17.10. De Gudden Toun

    De Gudden Toun.jpg

    Wann d'Deeg méi kal, gro a kuerz ginn, stécht deen een oder anere vläicht de Kapp nees méi an déi sozial Medien. An der Oktober Editioun schwätzen de Roland Meyer, Ian De Toffoli, Raoul Biltgen, Jeff Schinker an d'Anne Klein.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen