arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Äerdrutsch warscheinlech Ursaach fir Zuchaccident a Baden-Württemberg

Zuchongléck

|
headphones

1 min

Äerdrutsch warscheinlech Ursaach fir Zuchaccident a Baden-Württemberg

Den Zuchaccident a Baden-Württemberg gouf warscheinlech duerch staarke Reen an een Äerdrutsch ausgeléist, esou déi däitsch Police. Et géif keen Hiweis op eng Friemawierkung ginn.

headphones

1 min

© picture alliance/dpa | Uncredited
(Foto: picture alliance/dpa | Uncredited)

Ee Regional-Express mat 100 Leit dran, war de Sonndeg am fréien Owend, 45 Kilometer süd-westlech vun ULM entgleist. 3 Mënsche sinn ëm d’Liewe komm, an iwwer 40 Leit goufe blesséiert. Wéi genee den Accident geschitt ass, soll elo ermëttelt ginn.

Ënner den 3 Doudesaffer ass de Lokführer an ee weidere Mataarbechter vun der däitscher Bunn. Donieft wiere ronn 50 Leit blesséiert ginn, d'Hallschent vun hinne schwéier, mellt d'Cheffin vum Landkrees Biberach. 

Den Accident ass bei der Stad Riedlingen geschitt. De Regionalzuch war mat ronn 100 Passagéier ënnerwee op Ulm. Zwee Waggone sinn entgleist. Kuerz virdrun hat et an där Géigend staark gereent.