DJ-Set Session mam Hirsto

HIrsto

Samschdeg, den 21.3. um 22:08 


Si operéieren am Däischteren an dacks verstoppt. An eiser Serie RadioAktivitéit stelle mir si an de Spot: DJen. Tëschent Funktioun a Konscht invitéiere si op eng musikalesch Rees mat Beat a Séil.

E Samschdeg an der Nuecht ass den Hirsto fir eis um Radio aktiv. De Lëtzebuerger DJ wäert en elektresche Mix vun House, Ambient, an New Beat zesummestellen.

De Christophe Lux aka Hirsto huet zwou musikalesch Facetten. Engersäits géif hien als Presentateur a senge Radiosendungen um Radio ARA an Ambient a Floumaartplacken andauchen. "Ech hunn awer och meng Club-Säit". Do géif hie méi déif an d'90er House Saachen erawulle goen. 

DJ-Set Session mam Hirsto, dëse Samschdeg Owend um 22:08.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Buchkriticken

    D'Kulturredaktioun vum radio 100,7 presentéiert Rezensioune vu Lëtzebuerger an internationale Bicher.

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen