arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ déi gréng kritiséieren d'Logementspolitik vun der aktueller Regierung

Politik

|
headphones

1 min

déi gréng kritiséieren d'Logementspolitik vun der aktueller Regierung

Déi gréng gesinn an der Logementspolitik vun de leschten 2 Joer e Réckschrëtt par rapport zur viregter Legislaturperiod. D’aktuell CSV-DP Regierung géif et verpasse fir wichteg Reforme weider ze dreiwen a Locatairë richteg ze schützen.

headphones

1 min

Op enger Pressekonferenz am Virfeld vun der parlamentarescher Rentrée, constatéiert de Spriecher vun déi Gréng fir d’Theema Logement, datt d’Regierung no 2 Joer am Amt de Wunnengsbauproblem net an de Grëff kritt an dat obschonns si dat zu engem vun den Haaptsujeten am Walkampf gemaach hat. D’Regierung géif op Zäit spillen an näischt dofir maachen d’Spekulatioun um Terrain ze stoppen a Wunnengen ze mobiliséieren, wat virun allem Leit mat klengem Akommes géif belaaschten. Fir de Meris Sehovic wieren dës Legislaturperiod dofir 5 verluere Joer fir de Logement.

"D'Signal ass fatal. Dës Regierung verléiert Zäit amplaz ze handelen. An hei ass et e bësse wéi an deem Pensiounsdossier am Endeffekt. D'Regierung ass net gewëllt oder, wéinst internen Divergenze vläicht och net capabel - elo eng wierksam Léisung op de Wee ze bréngen. Se retardéiert just an iwwerléisst et am Endeffekt zukünftege Regierungen dann de Problem réellement ze behiewen."