Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott - Your Destiny Awaits Feat. Reuben Rogers & Walter Smith III

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ déi gréng: Lëtzebuerg soll sech géint eng Lafzäitverlängerung vu Cattenom asetzen

Motioun an der Chamber

déi gréng: Lëtzebuerg soll sech géint eng Lafzäitverlängerung vu Cattenom asetzen

D'Reaktere vu Cattenom sollen nach bis 2026 um Netz bleiwen. Dat, obwuel se just fir eng Lafzäit vu 40 Joer konzipéiert gi waren. Lëtzebuerg soll sech géint déi Verlängerung wieren, sou déi gréng.

auto_stories

1 min

Zënter Januar leeft eng ëffentlech Prozedur iwwer eng Verlängerung vun der Lafzäit vun der Atomzentral vu Cattenom, déi vu Frankräich lancéiert gouf. De Bedreiwer EDF wëllt, datt déi Reakteren, déi elo 38 Joer al sinn, och no 2026 um Netz kënne bleiwen, obwuel se just fir eng Dauer vu 40 Joer konzipéiert waren.

D‘Atomzentral zu Cattenom gouf awer no de Sécherheetsstandarden aus de 70er Jore gebaut. Déi géifen haut am Hibléck op d'Terrorismusgefor oder de Klimawandel awer net duergoen. Dat hunn déi gréng gëschter an enger Motioun an der Chamber ënnerstrach. Hei war et den Appell un d’Regierung, sech a Frankräich géint d‘Verlängerung anzesetzen.

D’Motioun gouf gëschter eestëmmeg ugeholl.