Radioen

On air

Notturno  |  Kendrick Scott - Your Destiny Awaits Feat. Reuben Rogers & Walter Smith III

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ déi Lénk an de Konsumenteschutz fuerderen en neien Energiepräisdeckel vun 2025 un

Encevo

déi Lénk an de Konsumenteschutz fuerderen en neien Energiepräisdeckel vun 2025 un

Souwuel déi Lénk wéi och de Konsumenteschutz fuerderen en neien Energiepräisdeckel vun 2025 un a fuerderen d‘Regierung op, Stellung zu den annoncéierte Präishaussen ze huelen.

auto_stories

1 min

Energie Illustratioun | © picture alliance/dpa | Patrick Pleul
Foto: picture alliance/dpa | Patrick Pleul

Encevo hätt e Rekord Joresgewënn vun 171 Milliounen Euro gemaach, dovunner géifen 72 Milliounen un d‘Aktionäre goen, dorënner zu engem Groussen Deel un de Staat. Zur gläicher Zäit géif een de Stéit annoncéieren, datt vun 2025 u mat drasteschen Energiekäschten ze rechne wier, mat enger Hausse vu bis zu 60 Prozent. 

Dobäi kéim datt den Energiepräisdeckel um Enn vum Joer soll opgehuewe ginn, wat d‘Stéit weider finanziell géif belaaschten. Nieft dem Bäibehale vum Energiepräisdeckel, freet d'ULC och, datt Stéit mat niddregem Akommes zousätzlech staatlech Bäihëllefe kréien, fir d'Energiepräisser ze stemmen.