De Cleveland vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic

Cleveland

Den Eurosonic Festival ass dee wichtege Rendez-Vous am Januar fir d'Museksbranche. Hei decidéiert sech, wat "hot" ass, a wat net. Iwwer 400 Summer-Festivalle maachen op dësem Showcase-Event hir Découverte fir d'Summerprogrammatioun. Iwwer 340 Acts triede vum 11. bis den 13. Januar op iwwer 40 Bühnen op.

Als Member vun der EBU designéiert de radio 100,7 all Joer eng Band oder een Artist vu Lëtzebuerg, deen ee Slot um renomméierte Showcase-Event kritt. De radio 100,7 huet 2017 de Produzent an DJ Cleveland fir dee wichtegen Event sélectionéiert. Cleveland, alias Andrea Mancini, mécht elektronesch Danzmusek. 

E Freideg, den 13. Januar mellen den Tom Dockal an den Yves Stephany sech vun 18:30 bis 20:00 live vum Festival. Mat spannenden Interviewen a Concerts-Matschnëtter.

E Samschdeg, de 14. Januar, diffuséiere mir vun 20:00 un eng Spezial Ausgab vu Soundcheck, mat de beschten Optrëtter vum Eurosonic, moderéiert a kommentéiert vum Yves Stephany an Tom Dockhal.


Interview mam Museker a Produzent Cleveland

Communiqué de Presse (Français)

Pressemitteilung (Deutsch)

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Panorama

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Dossieren

  • Lëtzebuerg entdecken

    De Summer ass normalerweis déi Zäit, an där de Lëtzebuerger an d'Vakanz fiert. Mee net nëmmen am Ausland gëtt et vill ze entdecken, och hei am Land ginn et vill schéin Ausfluchsziler.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen