Dawn Chorus den 1. Mee um 6:00

dc_cork_02_blackbird_crop.jpg

Dawn Chorus - Eng Symphonie vun der Natur

An Zesummenaarbecht mam iresche Radio RTÉ an der UER proposéiert de radio 100,7 den 1. Mee vu 6:00 bis 7:00 Auer eng exklusiv Live Iwwerdroung vu Vugel-Gesank aus der Cuskinny Marsh Nature Reserve an Irland.

Vigel sangen ier d’Sonn opgeet oder kuerz duerno. Esou wéi eise Planéit ëm seng eegen Achs dréit, beweegt sech d’Linn vum Sonnenopgank no Westen. Synchron mat där Bewegung leeft eng Well vu Gesank aus Milliounen a Milliarde Schniewele queesch iwwert de Kontinent. D’Multiplizitéit an d’Diversitéit vun dëse Stëmmen, dat ass den Dawn Chorus, de Chouer vum fréie Mueren. De Gesank vun de Vigel verbënnt eis Mënschen an huet op eis e besonneschen Effet. Mä fir d’Vigel ass Gesank eng serieux Geschicht, well eigentlech geet et ëm hiert Iwwerliewen. Si sange fir hiren Territoire ze verdeedegen; a fir e Partner ze fannen an hir Gene weiderzeginn.

Lauschtert eran

Zënter iwwer 20 Joer iwwerdréit den Derek Mooney um Iresche Radio RTÉ de Gesank vun de Vigel live an Irland. Doraus ass d’Traditioun vum Dawn Chorus Day entstan. An dëst Joer ass doraus esouguer e vill méi groussen europäesche Projet ginn, un dem sech Radiostatiounen a Russland, Norwegen, Holland, an och an England bedeelegt hunn, an deen iwwert d’UER a ganz Europa diffuséiert gëtt. De radio 100,7 iwwerdréit den Natur-Spektakel exklusiv zu Lëtzebuerg tëscht 6.00 a 7.00 Auer, direkt aus der Cuskinny Marsh Nature Reserve am County Cork am Süde vun der Insel.

Dawn Chorus
Den 1. Mee, 1 Stonn live ab 6 Auer

Programm

Dossieren

  • Europawahlen 2019

    Vum 23. bis de 26. Mee gëtt an der EU en neit Europaparlament gewielt. Zu Lëtzebuerg gëtt Sonndes, de 26. Mee gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

  • Festival de Cannes 2019

    Alleguer d'Artikele vum Festival de Cannes 2019.

Communiquéen

  • Un nouveau directeur pour la radio 100,7

    Lors de sa réunion du mardi 26 mars 2019, le Conseil d'administration de l'Établissement de Radiodiffusion Socioculturelle a nommé Marc Gerges comme nouveau directeur de la radio 100,7.

  • radio 100,7 revue par ses pairs

    A la demande de la radio 100,7, l'Union Européenne de Radio-Télévision a procédé à une "revue par les pairs" des opérations de la radio 100,7.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen