Chopin a Bach, Péiterséileg, Theater an d'West Side Story

RBS: Doheem bleiwen
An enger Zäit, an där alles dofir gemaach gëtt, fir datt all Mënsch an enger Gesellschaft wéi eiser ka gläichberechtegt um soziale Liewen deelhuelen, an där vill verschidden Acteuren dorunner schaffen, datt kee Mënsch soll ausgeschloss ginn, ass d'Noriicht, zu enger definéierter Risikogrupp ze gehéiere bal eppes wéi e Schrëtt an déi falsch Richtung. Mee dëse Schrëtt ass temporär, an aus engem Grond, dee mir all geléiert hunn, nozevollzéien. Et geet ëm eis Gesondheet.
Fir eis all, an awer besonnesch fir déi vulnerabel Leit, heescht déi gemeinsam, imposéiert Léisung: Doheem bleiwen. Méi Informatiounen doriwwer huet den Alain Brever, Direkter vun der ASBL RBS Center fir Altersfroen.
Klassik fir doheem ze genéissen
D'Fondation EME proposéiert haut e "Concert contre la solitude" vun der Sabine Weyer. Hire Programm setzt sech aus zwee Deeler zesummen, all Deel huet als Haaptpunkt ee ganz bekannte Komponist fir Piano. Beim éischten Deel héiert Dir eng Selektioun u Mazurke vum Frédéric Chopin an am zweeten Deel héiert Dir Bach-Transkriptioune vu Busoni a Siloti. Béid Komponisten hunn dem Bach seng Wierker frësch arrangéiert a fir moderne Piano ëmgeschriwwen.
Gesond Kraider an der Kichen
Bewosst Ernärung ass wichteg a mat manner Salz a Peffer, duerfir mat méi Kraider, kritt ee méi Pleséier a Faarf op den Teller. Haut geet et ëm d'Basiskraider Péiterséileg, Bratzelen a Basilikum. Dës dierfen net mat gekacht ginn, well hir Aromastoffer duerch d'Hëtzt zerstéiert ginn. Duerfir soll ee se eréischt kuerz virum Zerwéieren derbäi mëschen.
D'Visittekaart vum Frank Hoffmann
Am Oktober 1993 hat de Jean Portante a senger Emissioun Visittekaart den Theaterregisseur Frank Hoffmann op Besuch. Hie war deemools net nëmme fir vill grouss Inzenéierungen, national an international, als Theaterregisseur bekannt, mee och als Realisateur vun zwee Filmer, dorënner de "Schacko Klak" aus dem Joer 1987. Dat ganzt Gespréich vum Jean Portante mam Frank Hoffmann kënnt Dir dat an eiser Archiv-Sektioun op www.100komma7.lu lauschteren.
West Side Story
An um Schluss vun der Emissioun vun haut geet et dann nach ëm de Kultmusical vum Leonard Bersntein a Stephen Sondheim. Déi beschte Geschichte sinn zäitlos Handlungen. Schonn de Shakespeare hat et verstanen a gëllt mat sengen Erzielungen haut als eng grouss Referenz. D'"West Side Story" ass u sech näischt aneres wéi eng Aart Adaptatioun vu Romeo a Julia, allerdéngs verluecht an de Quartier Bronx zu New York an den 1950er Joren.