Bob Jungels - Motivéiert an d'Joer 2020

Dënschdeg, 7.1. um 8:50 an 12:20
Réckbléck 2019, Ausbléck 2020 - No enger duerchwuessener Saison 2019 geet de Bob Jungels voll motivéiert an d'Joer 2020. D'Feeler, déi him zejoert geschitt sinn, wären analyséiert an d'Conclusiounen doraus gezunn, seet de 27 Joer ale Cyclist, dee viru senger 8. Profi-Saison steet, där 5. am Maillot vun der Equipe Deceuninck Quick Step.
Iwwer d'Feierdeeg war de Bob Jungels kuerz am Land an de Maurice Molitor hat d'Geleeënheet, sech mat him ze ënnerhalen.