BEAUTIFUL DECAY Festival

Vum 28.-29. Mee ass am Gréiweschlass zu Käerch de BEAUTIFUL DECAY Festival. E Festival dee Musek, Konscht, Gastronomie a Sport zesummebréngt a feiert. De Marc Clement ass fir de radio 100,7 e Samschdeg den 28. Mee sur place a schalt sech wärend der Emissioun Espresso Beats tëscht 12:00-16:00 Auer live vun der Plaz an mat Interviews vun de performende Bands.
Wat Dir Iech erwaarde kënnt, seet Iech ee vun den Organisateuren vum Festival, den Thierry Schmitz.