19.6. Ass eis Sprooch a Gefor oder geet et hir esou gutt ewéi nach ni?

Déi eng soen dat eent, déi aner dat anert. Mee alleguer fanne se, datt et noutwenneg ass, d'Lëtzebuergescht weider ze fërderen. Op alle Pläng: an der Schoul, an der Aarbechtswelt, an der Gesellschaft.
Marc Barthelemy (Kommissär fir d'Lëtzebuerger Sprooch), Maisy Gorza (Directrice vum INLL), Mélanie Wagner (Soziolinguistin op der uni.lu) a Fred Keup (ADR-Deputéierten a Co-Auteur vum Buch "Mir gi Lëtzebuerg net op") diskutéieren a Kaarten op den Dësch iwwer d'Lëtzebuerger Sprooch, hir Problemer a Suergen, hir Chancen a Méiglechkeeten.
Moderatioun: Maurice Molitor
Lauschtert zum Theema och de Bäitrag iwwer eng vu de véier Sproocheronnen, op deenen interesséiert Leit Virschléi maache konnten, wéi een eis Sprooch weider promovéiere kann.