Äisbieren, Industriegebaier an e selwergemaachten Haut-parleur

Äisbier

Care-Aarbecht

Wéi deele Mammen a Pappen sech doheem d'Aarbecht op? A wéi kënne Kanner schonn hëllefen?

De Maurice Molitor huet do en Artikel fonnt.

Lauschteren

Wou lieft den Äisbier?

Wosst dir, datt een en Äisbier op enger Wäermebildkamera net gesäit? D'Lea Numberger aus dem natur musée erkläert eis firwat.

Lauschteren

De Fernand Bertemes am MNHA

Och eng Molerei, op där Wolleken an al Industriegebaier ze gesi sinn, kann interessant sinn, wann ee weess, wéi ee se kucke soll. D'Malgorzata Nowara vum Nationalmusée weess dat, a seet eis et.

Lauschteren

Mr. Science Speaker fir den Handy

Dobaussen a Loscht op Musek, awer den Handy geet net haart genuch? Kee Problem. Organiséiert iech eng eidel Chipskëscht, also dee Rouer aus Kartrong a lauschtert gutt no.

Lauschteren

Aufgab vum Dag: Natur Doheem

Et ass endlech Fréijoer, an d'Natur fänkt erëm u mat wibbelen. Bei dëser Challenge geet et dorëms wëll Déieren a wëll Planzen, also d'Biodiversitéit, an eisem Ëmfeld ze dokumentéieren. D'Tania Gybérien vu schouldoheem erkläert eis d'Aufgab vum Dag.

Lauschteren

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen