After WIP mam Sofia Aouine

After WIP.png

D'Auteurin Sofia Aouine krut kierzlech de Prix de Flore 2019 fir hiren éischte Roman "Rhapsodie des oubliés" (Editions de la Martinière). Dëst Buch erzielt den Alldag vum Abad, 13 Joer al, deen am Quartier Barbès zu Paräis lieft.
 
Fir eng Renconter ronderëm hiert Buch "Rhapsodie des oubliés" kënnt d'Sophie Aounie den 30. November an d'Kulturfabrik. Dësen Evenement gëtt moderéiert vum franséische Journalist Jean Lebrun (France Inter) a gëtt vum radio 100,7 live opgeholl.

De selwechten Dag ass um 14:30 en Treffen mam Jean Lebrun an der Librairie Alinéa organiséiert.

D'Entrée ass fräi.

D'Sophie Aounie an de Jean Lebrun sinn dëse Samschdeg um 10:10 Invitéë beim Michel Delage am Moies-Magazin.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Panorama

  • Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen