Et wieren doran "onrealistesch Investitiounsversprieche" gemaach ginn, wat eigentlech eng Kompetenz vun de Memberstaaten a vu privaten Entreprisë wier. Dobäi wier Europa däitlech manner attraktiv gemaach ginn, esou den Europadeputéierten. Och d’Energie-Dispositioune wieren - no Meenung vum Fernand Kartheiser - "komplett onrealistesch".
"Nach villes onkloer"
Am Kontext vun den Douanestariffer huet den ADR-Politiker um Dënschdegmoien op enger Pressekonferenz an der Stad och däitlech gemaach, datt hien eng eege Stellungnam vun der Lëtzebuerger Regierung vermësst.
"Et ass eng wéi keng. Wann ech eppes héiere wat d'Europapolitik ugeet, ass et Papagei. Dat ass dat, wat eis Regierung mécht, se seet dat no, wat von der Leyen, Merz oder iergend een anere seet."
De Fernand Kartheiser hätt sech eng Stellungnam vun der Regierung gewënscht, déi do wier, fir d’Interesse vun de Lëtzebuerger Entreprisen an de Leit hei am Land ze vertrieden.
D’EU-Kommissioun hat d’lescht Woch eng gemeinsam schrëftlech Deklaratioun mat den USA presentéiert, an där d’Handelseenegung tëschent der EU-Kommissiounspresidentin an dem US-President vun Enn Juli a Schottland méi ausféierlech beschriwwen ass.
"Géint nei Steieren"
Bei der Chamberrentrée am Oktober wëllt d’ADR-Fraktioun d’Regierung opfuerderen, sech géint "nei Steieren" ze stellen, mat deenen den EU-Budget fir d’Joren 2028 bis 2034 soll matfinanzéiert ginn. Dat huet den ADR-Fraktiounschef Fred Keup um Dënschdegmoie virun der Press ugekënnegt.
"Een zentrale Punkt, deen eis ganz besonnesch betrëfft, dat ass jo elo eng Iddi vun der Madamm von der Leyen a vun der Kommissioun, fir eng europäesch Tubakssteier ze erhiewen. Dat ass net an eisem Interêt. Eise Staatsbudget, dee kritt all Joer am Moment 1,2 Milliarden eran duerch d'Taxen an d'Accisen op den Tubak. Dat si Suen, déi mir hei am Land onbedéngt brauchen."
Dowéinst kéint een dës Nisch net opginn, esou den Oppositiounspolitiker.
Dem Virschlag vun der EU-Kommissioun no, kéint an Zukunft een Deel vun de Recettë vun enger méi héijer nationaler Tubakssteier direkt an den EU-Budget fléissen.