Mat Zypern huet den 1. Januar dat drëttklengst EU-Land d’EU-Presidence iwwerholl.
Rechtlech gesi gouf déi ganz Insel 2004 Member vun der EU. Faktesch awer blouf d’Insel am Mëttelmier zënter der Interventioun vun der Tierkescher Arméi am Joer 1974 gedeelt.
Zënter iwwer 50 Joer gëtt et am Norden déi international net unerkannten Tierkesch Republik Nordzypern, an am Süden d’Republik Zypern, déi vun alle Länner, ausser der Tierkei, unerkannt gëtt.
D’Vereenten Natioune vermëttelen zënter Joerzéngten an deem Konflikt, en Vue vun enger Reunifikatioun vun der Insel. Ouni Succès.
Nikosia: Déi gréng Linn zitt sech nach ëmmer duerch d’Stad
Néierens ass dat esou present, wéi wann een an der Haaptstad Nikosia um Bord vun der sougenannter grénger Linn steet.
Vun "do iwwer" héiert een de Muezzin, duerch de Maschendrot gesäit een hanner verloossenen Haiser d’Spëtzt vun engem Minarett.
Déi gréng Linn gëtt op béide Säite bewaacht, vun Zaldoten, déi vun hiren héije Posten a kléngen Holzhäisercher d’Géigend am A behalen.
Datt et haut hei no Faarf richt läit dorun, datt déi mëttlerweil "historesch" Demarkatiounslinn grad "renovéiert" gouf. D’Eise-Fässer ënner dem pickegen Drot genee ewéi d’Sandsäck, déi dernieft opgestapelt sinn, goufen alleguerte frësch ugestrach. Eenheetlech gréng - den Toun passt zu den ockeren Haiser an der Strooss.
Héije Besuch vu Bréissel: Déi gréng Linn gëtt nei ugestrach
"Dat gouf gëscht gemaach", erzielt eis ee Mann, dee virum Café um Eck steet. Iwwer der Dier hänkt ee grousse Palästina-Fändel, an der Fënster ee vun Jamaika. Vun do bannen héiert ee Reggae.
Seng Téistuff misst deen Dag drop zoubleiwen, hätt hie gesot kritt. Dat huet den nämmlechte Grond wéi den neien Ustrach: Et gëtt héije Besuch vu Bréissel erwaart: De President vun der Republik Zypern weist der Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, wat et konkret heescht, eng gedeelten Haaptstad ze hunn.
Offonnt huet ee sech net domat net, kruten d’Journalisten, déi och vu Bréissel ugereest sinn, kuerz virdrun op där nämmlechter Plaz vun der Touriste-Guide Christina Mita erkläert .
"Mir bleiwen hei" steet op engem Schëld, wat um Maschendrot hänkt, deen d’Linne markéiert.
D'Okkupatioun vun der Tierkei ass an hirem Alldag permanent present.
"Ech liewen zu Nikosia, enger Stad, déi zënter 51 Joer gedeelt ass"
D’Regierung awer beméit sech neierdéngs och drëm, d’Land, wat elo d’EU-Presidence iwwerholl huet, anescht ze presentéieren.
Tierkei steet offiziell net méi am Fokus
Offiziell soll do d’Tierkei op kee Fall am Mëttelpunkt stoen, stellt de President bei engem Dinner mat der Press a sengem Presidente-Palais kloer.
"Fréier hu mir Interventioune gefrot, all Kéier wann, d’Tierkei och just nëmmen ernimmt gouf. Dat ass net méi esou".
Den Nikos Christodoulidis hieft souwuel déi geopolitesch Situatioun vun der Insel, ewéi déi eegen Experienz mat der Okkupatioun als Atouten ervir, déi Zypern matbréngt. Dat ënnersträicht och d’Europaministesch Marilena Raouna.
"Wa mir iwwer de Respekt vun internationalem Recht schwätzen, ob an der Ukrain, oder am Fall vu Grönland, da maache mir dat aus éischter Erfarung eraus. Zypern lieft zënter méi ewéi 50 Joer mat de Konsequenze vun engem Broch vum internationale Recht. Dat gëtt eis eng eenzegaarteg Perspektiv."
Zypern hofft op nei Approche vis-à-vis vun der Tierkei
Trotz deem neien Image kéint d’Republik Zypern déi Roll un der Spëtzt vun der EU notzen, fir am Konflikt mat der Tierkei virunzekommen.
Ënner anerem gëtt driwwer nogeduecht, den tierkesche President Erdogan op een informellen EU-Sommet am Abrëll ze invitéieren.
Hoffnung gëtt et den Ament och wéinst engem frësch gewielte President vun der international net unerkannter Tierkescher Republik Nordzypern, dem Tufan Erhürman - deen sech bei de Walen am Oktober géint de Kandidat vum tierkesche President duerchgesat huet.
Hien huet annoncéiert, datt hien d’Gespréicher tëschent béide Säiten nees ophuelen a méi no bei d’EU réckele wëllt.
EU-Kommissiounspresidentin: Reunifikatioun bleift Prioritéit
Fir déi ass eng Léisung nach ëmmer Prioritéit, wéi d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen ugangs Januar zu Nikosia betount huet.
Et géing alles gemaach ginn, datt dee Prozess, dee vun der UN geleet gëtt, Succés huet an 2026 een neie Moment en vue vun enger Reunifikatioun bréngt, esou d'Ursula von der Leyen op enger feierlecher Zeremonie zum Optakt vun der EU-Presidence.
Wéi genee d’EU sech hei nei abrénge wëllt, ass net kloer.
Rose Reaktiounen aus Ankara hunn iwwerdeems keen Zweiwel dru gelooss, datt hei net vill bougéiert huet. Et hält een un der Iddi vun zwee autonome Staaten op der Insel fest.
Zweestaateléisung ass keng Optioun
Hoffnung gëtt et iwwerdeems trotzdeem bei de Leit.
D'Christina bleift zum Beispill optimistesch.
"Et kann een ni wësse wat kënnt. Ech sinn optimistesch"
Eent ass kloer: Den Norden als Deel vun hirem Land opzeginn ass keng Optioun fir si.
"Wa sech eng Zweestaateléisung duerchsetzt, verléieren ech d’Hallschent vu mengem Land. Fir ëmmer."