Um Donneschdeg ass d’EU-Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen zesumme mat enger Partie vun den EU-Kommissären op der Insel zu Besuch. De Lëtzebuerger EU-Kommissär d’Landwirtschaft, de Christophe Hansen, ass net dobäi. Hien ass fir d”Grüne Woche” zu Berlin.
“Als klengt Land kann ee besser vermëttelen”
Bei de sëllegen Entrevuë vun den EU-Korrespondent:innen, déi vun der zypriotescher Regierung invitéiert waren, hunn eng Partie Ministere betount datt, d'Presidence eng Erausfuerderung ass.
Trotzdeem géif een d'Gréisst vum Land och als Virdeel gesinn, esou de Constantin Kombos, den Ausseminister vun Zypern. Hien huet änlech argumentéiert ewéi Vertrieder vun der Lëtzebuerger Regierung.
Als klengt Land wier ee méi flexibel an et hätt ee manner national Interessen, esou de Kombos op eis Nofro hin.
"Mir hunn natierlech net esou vill Experienz wéi Lëtzebuerg. Dat heiten ass eréischt eis zweet EU-Presidence. Ma mir sinn iwwerzeegt, datt een als klengt Land aner Moyenen huet, ze vermëttelen. En plus ass et eng Méiglechkeet, op sech opmierksam ze maachen."
Et kéint een Zypern awer net mat Lëtzebuerg vergläichen. Lëtzebuerg wier vill méi laang schonn an der EU an hätt dowéinst méi Erfarung mat der Presidence.
Knapps d'Presidence iwwerholl, gëtt Zypern mat Krise konfrontéiert.
EU-Presidence als Chance fir de Reunifikatioun-Prozess?
Bei Grönland hätt Zypern kloer Positioun bezunn. Déi territorial Integritéit vum dänesche Kinnekräich misst respektéiert ginn. Déi Positioun vun Zypern ass wéineg iwwerraschend: D'Insel ass selwer zënter 1974 gedeelt - mat engem Tierkeschen Deel am Norden an engem griicheschen Deel am Süden.
Domat géif ee sech als gudde Verhandlungspartner ubidden, esou déi zypriotesch Vertrieder.
Iwwerdeems kéint d'EU-Presidence eng Chance fir Zypern bidden, fir d'Tierkei un de Verhandlungsdësch ze kréien fir iwwer d'Zukunft vun Zypern ze diskutéieren, esou d'Hoffnung.
Méi eng autonom EU
Zypern gehéiert nieft Éisträich, Irland a Malta zu de wéinegen EU-Memberstaaten déi net an der NATO sinn. D'Land ass Demandeur fir Member ze ginn, ma dat ass wéinst dem Veto vum NATO-Member Tierkei net méiglech.
Bei den Entrevuen um Mëttwoch gouf ëmmer nees betount, datt een zu 100 Prozent hanner der Ukrain géif stoen.
Och dat huet een historeschen Hannergrond. Zypern stoung laang Russland zimmlech no, op der Insel war vill russescht Kapital deposéiert. Dat hätt sech awer geännert, sou de President Nikos Christodoulides en Mëttwoch den Owend op engem Dinner am Presidentepalais.
Tëschent 2018 an 2023 wieren iwwer 40.000 russesch Bréifkëschte-Firmen zougemaach ginn an 126.000 russesch Bankkonten.
Bannent de Joren 2015 bis 2024 hätten déi russesch Depoten iwwerdeems ëm 87 Prozent ofgeholl. Militäresch hätt ee sech och vu Russland geléist, andeems een zënter Jore kee Material méi géif kafen.
Besonnesch als net Net-Land setzt sech Zypern dofir an, datt d’EU méi autonom muss ginn. Net nëmme militäresch, betount de Constantin Kombos.
Ënner dem Motto "Eng autonom EU, déi op ass fir d'Welt" héiert een déi zypriotesch Geschicht mat eraus.