Bei dëser grousser Kontroll louch de Fokus op der Drogen- an Immigratiouns-Kriminalitéit, de Bestëmmungen am Zuchtrafic an der allgemenger Policepresenz am ëffentlechen Transport.
Kontrolléiert gouf an a virun der Gare an op de Quaien.
Zwou Persounen op der Gare festgeholl
Bei der Kontroll vun der Police an der Douane goufe bei zwou Persoune geklaute Saache séchergestallt. Déi béid Persoune goufen op Uerder vum Parquet festgeholl. Et gouf donieft festgestallt, datt déi béid Persounen illegal am Land waren.
An engem Fall gouf och ee Verstouss géint d’Drogegesetz festgestallt, schreift d’Police.