D‘Police hätt de Kontoinhaber konnten identifizéieren. Seng Wunneng gouf duerchsicht a säin Handy confisquéiert. Hie gouf de Freideg dem Untersuchungsriichter virgestallt, esou d‘Police an engem Communiqué.
E Sonndeg da gouf een änleche Fall zu Esch gemellt. Och hei gouf de presuméierten Täter festgeholl.
D‘Police appelléiert op en Neits, datt wann een de Verdacht huet Affer vun esou enger Bedruchsmasche ginn ze sinn, soll een alleguer d‘Transaktioune stoppen a sech direkt bei der Police mellen.