An enger spéiderer Sëtzung vum éischte Prozess hat de Marcel Weydert, Grënnungsmember vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, dunn awer zréckgeruddert. Dem zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire no, war de Brigade mobile-Member Marcel Weydert déi Zäit an der Vakanz an deemno guer net zu Lëtzebuerg, wéi et an de Kasematte geknuppt huet.
Fir säin Affekot, de Me Fränk Wies, wier d’Situatioun schwiereg fir säi Client, well an dësem Prozess Saachen op d’Tapéit kéimen, déi net glécklech fir hie wieren.
"Respektiv wou en net ganz frou ass, datt dat op der Place publique breet getrueden ass. Dovun ofgesinn, datt e säit 11 Joer an engem Monsterprozess ass wéinst engem Punkt, vun enger Foto, wou jiddereen, mengen ech, begraff huet, datt en sech einfach geiert huet!"
De Marcel Weydert huet iwwregens quasi déi ganz Zäit iwwer, wéi den Enquêteur säi Rapport virgedroen huet, um Handy gespillt. Gëschter schonn hat en Expert-Psychiater erkläert, de Mann hätt eng Perséinlechkeetsstéierung, woufir hien sech verrannt hätt.
Erënnerung no 40 Joer net méi komplett accessibel
Do virdrun hat den Haaptenquêteur vun der Police judiciaire erkläert, datt d’Aussoen, am éischte Prozess, vun den neien Ugekloten zum Deel net kohärent waren, am Contraire stoungen zu aneren oder falsch waren.
Um Ufank vun der Sëtzung hat eng Professesch an de kognitiven Neurowëssenschafte vun der Uni Lëtzebuerg betount, datt no 40 Joer zwee Drëttel vun der Erënnerung net méi accessibel wär.