arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zweete Bommeleeërprozess: Op en Neits Falschaussoen am Fokus

Zweete Bommeleeërprozess

|
headphones

1 min

Zweete Bommeleeërprozess: Op en Neits Falschaussoen am Fokus

Um véierten Dag vum zweete Bommeleeërprozess stounge méiglech Falschaussoe vun den Ugekloten Armand Schockweiler a Guillaume Büchler um Programm. Den Armand Schockweiler war iwwer déi wichtegst Etappe vun der Bommeleeër-Enquête am Bild. Dat sot den zoustännegen Enquêteur vun der Police judiciaire.

headphones

1 min

Stater Geriicht | © Eric Ewald
Stater Geriicht (Foto: Eric Ewald)

Dee fréieren héije Responsabele vun der Gendarmerie Armand Schockweiler hätt och betount, säi Chef a Matugekloten Aloyse Harpes sengerzäit iwwer d’Enquête informéiert ze hunn, wougéint dat fir den zoustännegen Untersuchungsriichter net de Fall gewiescht wier. 25 Mol soll hien d'Wourecht net gesot hunn, ënner anerem zum Ex-Chef vun der Brigade mobile Ben Geiben. De Me Entringer, Affekot vum Armand Schockweiler, huet no der Sëtzung deen éischte Prozess kritiséiert.

"Et war doudsécher net d'Sérénitéit vun der Justice, déi ee sech erwaart hat. An do kann natierlech den Zeien e bëssen d'Gläichgewiicht verléieren an e bëssen aus der Balance kommen an net méi all Detail wëssen, well en an eng Situatioun bruecht gëtt, wou en net méi ka fräi sech ausschwätzen. An dat - ech war zwee, dräimol bei Sëtzungen 2013 oder 14 dobäi - war genee dat!"

De Guillaume Büchler hätt iwwerdeems zu senger deemoleger Roll als Enquêteur gesot net zu honnert Prozent bedeelegt gewiescht ze sinn. Dobäi wier hien awer zënter Mee 1985 an d’Enquête agebonne gewiescht. Insgesamt soll hien eelef Mol am éischte Prozess net d'Wourecht gesot hunn.

E Méindeg geet deen zweete Bommeleeër-Prozess dann a seng zweet Woch.