arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Am zweete Bommeleeër-Prozess gouf zweemol Fräisproch gefrot

Justiz

|
headphones

2 min

Am zweete Bommeleeër-Prozess gouf zweemol Fräisproch gefrot

Am zweete Bommeleeër-Prozess hunn de Me Harpes fir säi Papp, de fréieren héije Gendarmerie-Responsablen Aloyse Harpes, an den deemolegen Enquêteur Guillaume Büchler fir sech selwer e Fräisproch gefuerdert. Och si hätten nämlech am 1. Prozess vun 2013 an 2014 keng Falschausso gemaach.

headphones

2 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D’Sëtzung hat allerdéngs mat enger Interventioun vum Me Pierret ugefaangen. Den Affekot vum aneren héije Gendarmerie-Responsabel Guy Stebens goung dobäi nach emol op déi zwee "Kaffiskränzercher"" am Virfeld vum 1. Prozess an. 

Nieft deem vum Ex-Procureur général d’État Roby Biever mam fréiere Chef vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie, Ben Geiben, war du jo deen tëschent der fréierer Procureure d’État adjointe Doris Woltz, dem Roby Biever an dem Prënz Jean, dem Brudder vum Grand-Duc Henri, nach emol op d’Tapéit komm.

Et géife schlëmmer Affäre ginn

Een Zeie wollt bekanntlech am Zesummenhank mam duebelen Attentat um Findel, am November 1985, de Prënz Jean op der Plaz erkannt hunn. Fir de Me Pierret wieren de Ben Geiben an de Prënz Jean anescht behandelt ginn, wéi aner Leit.

Et wier, esou den Affekot, e Skandal, datt Leit, déi an dëser Affär verdächtegt gi wieren, Rendez-vous hate mat der Justiz.

"An datt duerno, no deenen Entrevuen, um Niveau judiciaire net méi vun deenen zwee geschwat gëtt. Si sinn hei als Zeie figuréiert, a mir anerer alleguer, eis Clienten, déi guer näischt mat der Affär ze dinn haten, déi sëtzen hei schonn 11 Joer ze waarden, fir aus der Affär erauszekommen. Ech wëll net soen, datt déi zwee Bomme geluecht hunn. Mee si kruten hei um Niveau judiciaire en Traitement préférentiel, dat ass ganz richteg. Dat geet guer net, an deen Traitement hätte mir all gär gehat, da géife mer net hei setzen."

Doropshin hat de Me Harpes a sengem Plädoyer gemengt, et hätt déi Zäit hei am Land Affäre ginn, déi méi wichteg gewiescht wäre wéi d’Bommeleeër-Affär an ënner anerem “der Cegedel hiren Tiermchen”, dee gesprengt gi wier.

Tëschent 1984 an 1986 war et jo zu 20 Bommenattentater uechtert d’Land komm. Säi Papp wier fräizespriechen, well et kee Beweis géif gi fir eng schlecht Absicht vum Aloyse Harpes. An den Ex-Enquêteur Guillaume Büchler huet betount, datt hien am 1. Prozess d’Wourecht gesot hätt.

Dowéinst sollt och hie fräigesprach ginn. D’Plädoyere vun den Affekoten am zweete Bommeleeër-Prozess dierften am Nomëtten op en Enn kommen.