arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zweete Bommeleeër-Prozess: Bal 300 Säite laangt Urteel läit elo schrëftlech vir

Justiz

|
headphones

3 min

Zweete Bommeleeër-Prozess: Bal 300 Säite laangt Urteel läit elo schrëftlech vir

Am zweete Bommeleeër-Prozess gouf de Pierre Reuland wéinst der "gravité des faits" als Eenzege vun den am Ganze 6 Ugeklote verurteelt. Säin Affekot, de Me Assa, hat nom Urteelssproch ugekënnegt, Appell dogéint ze maachen. Dat bal 300 Säite laangt Urteel läit elo a schrëftlecher Form vir.

headphones

3 min

© Eric Ewald
(Foto: Eric Ewald)

Am zweete Bommeleeër-Prozess gouf den Ex-Generaldirekter vun der Police Pierre Reuland wéinst Aussoen iwwer eng Observatioun am Joer 1985 an iwwer d’Enquête zu den Attentater vun 1984 bis 1986 condamnéiert. Esou steet et am Urteel vun 238 Säiten, dat elo a senger schrëftlecher Versioun virläit.

3 Joer mat Sursis

De Pierre Reuland, fréieren héije Gendarmerie-Responsabelen, war virun 11 Deeg an deem zweete Bommeleeër-Prozess zu enger Prisongsstrof vun 3 Joer mat Sursis an zu enger Geldstrof vu 5.000 € verurteelt ginn. Um Enn goufen zwou Falschaussoe géint hien zeréckbehalen. An zwar éischtens seng Aussoen, am éischte Prozess, iwwer d’Observatioun op de Brigade-mobile-Grënner Ben Geiben. Dee sollt am Oktober 1985, am Virfeld vum Attentat op de Justizpalais, beobacht ginn.

Hätt bis 2007 näischt vun Observatioun-Geiben gewosst 

De Pierre Reuland hat am éischte Prozess vun 2013 an 2014 ënner anerem gesot, datt hien net un där Observatioun deelgeholl a bis 2007 näischt dovu gewosst hätt. Hie wier eréischt no engem Gespréich mat den initial Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes vun där Observatioun gewuer ginn. 

Donieft hat hien erkläert, net doru bedeelegt gewiescht ze sinn an, datt d'Zeie sech iere missten oder sech ofgeschwat hätten, fir hie schlecht do stoen ze loossen. De Riichteren no wiere sech dës Zeien awer an de grousse Linnen eens gewiescht. Virun allem doriwwer, datt de Pierre Reuland fir d’Observatioun zoustänneg war. Well d’Aussoe vun den Zeien opriichteg wieren, wier de Pierre Reuland also iwwer d’Observatioun vum Ben Geiben informéiert gewiescht. Esoudatt hien d’Wourecht mat sengen Aussoe verfälscht an domat d’Geriicht bewosst belunn hätt.

De Bommeleeër wier net just eng Persoun

Zweetens gouf dem Pierre Reuland seng Ausso "Dir kommt bis op ee Punkt, an dann ass Schluss!" géint hien zeréckbehalen. Och wann hie sot, hien hätt ni wëllen undeiten, datt d’Enquête iwwer d’Attentater just bis op e gewëssene Punkt kéint goen, hätt hien dat awer zwee Bommeleeër-Enquêteuren an dem deemolege Vertrieder vum Parquet Robert Welter esou gesot.

Deem géintiwwer hätt de Pierre Reuland och erkläert, d’Bommeleeër wiere ganz héich ze sichen, wann och, Zitat, "... net de Grand-Duc. Héich, awer net esou héich. An iwwregens brauchs Du net ze mengen, de Bommeleeër wier just eng Persoun!" D’Geriicht hätt, wéi et am Urteel heescht, kee Grond, fir dem Robert Welter net ze gleewen, deemno hätt de Pierre Reuland déi Ausso gemaach an dierft also d’Identitéit vun de Bommeleeër kennen oder awer Informatiounen doriwwer zeréckhalen. 

Reuland hätt d'Geriicht belunn

An den Ae vun de Riichtere wollt de Pierre Reuland den Enquêteure mat der Ausso "Dir kommt bis op ee Punkt, an dann ass Schluss!" ze verstoe ginn, datt si dee Fall ni opléise géifen, well d’Bommeleeër ze wichteg Personnagë wieren. Den Ex-Policechef hätt d’Geriicht belunn, well hie seng Verdachtsmomenter net matgedeelt hätt, obschonn hie wuel verschidde Leit als Bommeleeër am A hat, an ouni säi Verhalen och nëmmen ee Moment a Fro ze stellen.