arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Waasserpeegele ginn nees erof

No villem Reen

|
headphones

1 min

Waasserpeegele ginn nees erof

Nom ville Reen um Mëttwoch an an der Nuecht gëtt et um Donneschdegmoien Entwarnung: D'Alert wéinst Héichwaasser géif am Laf vum Moie komplett opgehuewe ginn, sot Olivier Jeitz vun der Waasserverwaltung am 100,7-Interview.

headphones

1 min

© Bigstock / wichaiphoto
(Foto: Bigstock / wichaiphoto)

Eng orange Warnung (also den zweethéchsten Niveau) war am Mëttwochmëtteg ausgeruff ginn. 

D‘Peegele vun de betraffene Flëss sinn nees erofgaangen. Am meeschte betraff war d‘Uelzecht - déi war op e puer Plazen iwwer déi orange d‘Côte de vigilance geklommen - dorënner am Pafendall, zu Hesper, zu Steesel an zu Miersch, wou se no un déi rout Côte de vigilance erukoum.

40 Liter op de Meterkaree

Fir dat ganzt Land gëllt wéinst dem Reen da bis de Donneschdegmëtteg um 2 eng giel Alerte - et si bis zu 40 Liter op de Meterkarree méiglech, esou Meteolux.