Am Departement Drôme setzen zënter gëschter 4 Leit am Prisong. Dräi vun hinne vun der selwechter Famill, well se fir den Doud vun engem 15 Joer ale Bouf responsabel sinn. E Papp an zwee vu senge Jongen, ee vu 16 an ee vu 26, sollen den drëtte Bouf vun der Famill ufangs vun der Woch an een Hannerhalt gelackelt hunn. Hie soll sech an e Sträit agemëscht hunn, wou hien däitlech blesséiert gouf. Et soll de 26 Joer alen, eelste Bouf vun der Famill gewiescht sinn, deen hien an deem Sträit ëmbruecht huet. Him gëtt Homicide volontaire mat Preméditatioun virgeheit.
Am Departement Essonne dann huet e 34 Joer ale Papp gëschter zouginn, säin 3 Joer aalt Meedchen a säin 20 Méint ale Fils en Donneschdeg ëmbruecht ze hunn. Dat nodeems seng Frëndin eng Plainte wéinst haislecher Gewalt géingt de Mann gemaach hat.