arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Déidlech Messerattack um Lampertsbierg: Verdächtegen haut virum Untersuchungsriichter

police

|
headphones

1 min

Déidlech Messerattack um Lampertsbierg: Verdächtegen haut virum Untersuchungsriichter

D‘Fra, déi gëschter um Dënschdeg um Lampertsbierg bei enger Messerattack déidlech blesséiert gouf, war eng 35 Joer al Fra aus Frankräich. Dat deelt de Parquet mat. Dat zweet Affer, schwéier blesséiert, ass eng 36 Joer al Fra aus Lëtzebuerg.

headphones

1 min

© Sté Bisenius
(Foto: Sté Bisenius)

De presuméierten Täter ass an der Géigend vum Briddel festgeholl ginn. Gëschter hat d‘Police matgedeelt, datt de presuméierten Täter mam Auto geflücht wier, an no engem Accident um Lampertsbierg dunn zu Fouss fortgelaf wier. Hie wier vun der Police tëscht dem Bridel an dem Fräiheetsbam gestallt ginn.

Kee familiäre Lien

Et handelt sech ëm ee 27 Joer ale Mann, deen net hei am Land wunnt. An et géif och kee familiäre Lien tëschent dem Mann an den zwou Frae ginn.

De Mann gouf wéinst Mord, Doutschlag, Mordversuch a Coups et blessures volontaires ugeklot. Hien ass haut virum Untersuchungsriichter. D‘Verhéier leeft nach.

Et wier keng weider Persoun implizéiert, esou nach de Parquet, deen un d‘Présomption d‘innocence erënnert.