arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Verdachtsfäll vun ustiechender Hautkrankheet Krätz am Prisong Uerschterhaff

National

|
headphones

1 min

Zwee Verdachtsfäll vun ustiechender Hautkrankheet Krätz am Prisong Uerschterhaff

Am Prisong fir Untersuchungshäftlingen zu Suessem goufen et zwee Verdachtsfäll vun der ustiechender Hautkrankheet Krätz. Dat huet d’Prisongsverwaltung dem Radio 100,7 haut op Nofro hi confirméiert.

headphones

1 min

Prisong | © SIP / Jean-Christophe Verhaegen
Prisong (Foto: SIP / Jean-Christophe Verhaegen)

D’Direktioun vum Centre pénitentiaire d'Uerschterhaff (CPU) wier doriwwer informéiert ginn. Och bei Zweiwelsfäll vu Krätz géifen d’Zellen traitéiert ginn, esou d’Prisongsverwaltung. Ob an dëse Fäll Häftlingen isoléiert goufen, konnt d’Verwaltung eis net soen.

"Rekurrente Problem" deen zu Isolatioun féiert

D’ASBL "eran, eraus ... an elo?" huet eis erkläert, datt e Prisonéier sech u si geriicht hätt, fir op d’Problematik vu Krätz am Prisong opmierksam ze maachen. D’Organisatioun schwätzt vun engem “rekurrente Problem”, deen dozou féiert, datt Prisonéier isoléiert ginn.

D’Tageblatt hat d’Fro formuléiert, ob ënnert den Häftlingen zu Suessem d’Krätz ausgebrach wier. Ugangs war beim Tageblatt vum Prisong zu Schraasseg Rieds gaangen.