Ronderëm Lissabon ass vill Materialschued entstan, Beem sinn ëmgefall an et koum zu Äerdrutschen. Bis zu 850.000 Stéit waren um Mëttwoch de Moien ouni Stroum, vill Stroosse si gespaart.
De Stuerm ass iwwer Spuenie weidergezunn an huet zu Madrid fir staarke Schnéi gesuergt.