Am Ganze wier sechs Mataarbechter vum Frankfurter Flughafen infizéiert ginn. Deene véier, déi net gestuerwe sinn, géif et no enger Behandlung nees gutt goen.
arrow_back_ios
100komma7.lu
Däitschland
|Zwee Mataarbechter vum Frankfurter Flughafe sinn un Erkrankung mat Malaria gestuerwen
Wéi de Bedreiwer Fraport matgedeelt huet ass eng Persoun am August gestuerwen. Dat anert Doudesaffer war dem Frankfurter Gesondheetsamt no schonn ugangs Juli verscheet. Déi zwee wieren duerch Moustiquen aus engem Malaria-Gebitt infizéiert ginn, déi wuel mat engem Fliger an Däitschland komm sinn.
(Foto: Bigstock)