arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zwee Joer nom Hamas-Ugrëff: Hoffnung op Fridden, awer nach vill Skepsis

International

|
headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

Zwee Joer nom Hamas-Ugrëff: Hoffnung op Fridden, awer nach vill Skepsis

Haut virun zwee Joer hunn Terroristen aus der palästinensescher Hamas-Beweegung eng Rei Kibbuzen an e Festival am Süde vun Israel ugegraff.

headphones

2 min

headphones

7 min

play_arrow

D'Attacken hunn iwwer 1.200 Mënschen d'Liewe kascht an e Krich ausgeléist, deen zënterhier Zéngdausende vu Liewen an der Gazasträif gefuerdert huet. Iwwer e méiglechen Enn vum Konflikt gëtt aktuell am ägyptesche Charm el-Sheikh verhandelt.

De President vun der aussepolitescher Chamberskommissioun, den DP-Deputéierte Gusty Graas, weist sech am Gespréich mam Radio 100,7 zwar virsiichteg optimistesch, mee bleift skeptesch, ob et tatsächlech zu engem Duerchbroch kënnt.

"E schwéiere Wee bis zum Fridden"

"Ech begréissen d’Initiativ vum amerikanesche President an aner Acteuren déi probéieren, elo Fridden ze erreechen“, esou de Gusty Graas.

"Mee heen däerf sech näischt virmaachen, d’Fronten hu sech an deene leschten zwee Joer extreem verhäert."

De Gusty Graas erënnert drun, datt sech d’Verhandlunge virun allem un zwou Froen ophänken: D'Fräiloosse vun de Geiselen an de méigleche Réckzuch vun der israeelescher Arméi. D'Hamas fuerdert, datt Israel iwwer 1.300 Prisonéier fräiléisst, dorënner och Persounen, déi zu Liewenslaang verurteelt goufen. "Dat mécht d’Situatioun immens komplizéiert", esou de DP-Deputéierte weider.

D'Roll vun den USA an den arabesche Staaten

Dem Gusty Graas no kéint en Duerchbroch just geléngen, wann en Acteur vu baussen, virun allem d'USA, Drock op béid Säite mécht. "Och déi arabesch Staaten hunn eng Verantwortung", betount hien. "Jiddweree muss Kompromësser agoen, soss gëtt et kee Fridden."

Grouss Erwaardunge wëllt de Politiker awer net schafen: "Ech si liicht optimistesch, mee och mat engem gudden Deel Skepsis."

Trump an de Friddensnobelpräis

Am Kontext vum Zwanzeg-Punkte-Plang vum Donald Trump, dee sech als Mediateur positionéiert, freet sech de Gusty Graas, ob dem US-President seng Ambitioun, de Friddensnobelpräis ze kréien, realistesch wier.

"Dat géif mech wierklech iwwerraschen. Sollt et zu engem Friddensaccord kommen, hätt den Trump sécher en Undeel drun. Mee de moralesche Manktem bleift, an dofir gesinn ech hien net ënner de Favoritten."

play_arrow Lauschteren