En Auto war kuerz viru Mëtteg virun der Synagog an e Grupp vu Leit gerannt, ee vun de Passagéier huet duerno Passanten mat engem Messer attackéiert. Déi Persoun war vun der Police erschoss ginn.
De brittesche Premier Keir Starmer huet sech an enger éischter Reaktioun entsat gewisen. Hien ass dofir fréizäiteg vum Sommet vun der Europäischer Politischer Gemeinschaft zu Kopenhagen afgereest, fir un enger Sëtzung vun der nationaler Krisecellule zu London dobäi ze sinn…
Och de Kinnek Charles huet sech zudéifst schockéiert gewisen.