arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zürcher Bal: Wéi vill Opwand stécht dohannert?

Chrëschtowend

|
headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow

Zürcher Bal: Wéi vill Opwand stécht dohannert?

Wéi all Joers ass och dëst Joer um Chrëschtowend den Zürcher Bal. Mat ronn 4.500 Leit gëtt gerechent, déi - wéi et Traditioun ass - am Kostüm oder am Oweskleed an d'Luxexpo wäerte kommen, fir ze feieren a sech erëmzegesinn. Fir déi 63. Kéier gëtt en dëst Joer schonn organiséiert.

headphones

4 min

headphones

6 min

play_arrow
Zürecher Bal | © Jo Welfringer
Zürecher Bal (Foto: Jo Welfringer)

Dënschdeg Moien, 9:30 Auer an der Luxexpo: D’Virbereedunge fir déi 63. Editioun vum Zürcher Bal si voll amgaangen. Iwwerall lafe Leit mat Bauaarbechterhelmer ronderëm a fréckelen un all Méiglechem: Bünen, Comptoiren, Luuchten oder och Toiletten.

Eng eidel Luxexpo gëtt zum Liichte bruecht

Den Donneschdegowend um 21 Auer muss alles prett sinn. Da mécht den Zürcher Bal nämlech seng Dieren op.

De Filip Marth, Vizepresident vun de Lëtzebuerger Studenten zu Zürech, kuerz LSZ, erkläert, wéi d’Deeg virum Bal ausgesinn.

"De Comité organiséiert am Fong alles, datt d'Partner pünktlech liwwere fir deen Dag, wou mir d'Saache brauche beim Opriichten. Et ass am Fong esou, datt mir elo, den 22. Dezember, eisen éischten Dag vum Opriichten, si mir an déi eidel Luxexpo erakomm an hunn direkt ugefaange fir d'Luuchten an esou ze installéieren, dann d'Baren, d'Bün. Gläichzäiteg si schonn déi éischt Gedrénksliwwerunge komm."

Bal 9 Méint Virbereedung

D’Virbereedunge fir de gréisste Studentebal zu Lëtzebuerg fänken awer natierlech net eréischt zwee Deeg am Viraus un. Scho Méint virdru gëtt geplangt, wéi de Filip Marth erzielt.

"Am Mäerz, wann den neie Kommitee gewielt gëtt, bis de Kommitee e bëssen amgaangen ass am Abrëll, mee do gouf awer scho quasi all Partner eng Kéier ugeschriwwen, fir erëm ze klären, fir déi nächst Editioun, déi dann am Dezember ass. Also schonn eng aacht néng Méint Virbereedung, déi mir do drastiechen."

De Comité, dat si 14 Leit. Si sinn den haarde Kär vun der Organisatioun. An zu där gehéiert et och Sponsoren ze fannen, sech mat hinnen ofzeschwätzen, Latenightbussen ze organiséieren, sech mam Roude Kräiz fir medezinesch Urgencen an natierlech mat der Luxexpo fir d'Location a Verbindung ze setzen.

Bal 90 Leit hëllefen 

Um Owend selwer kann den Zürecher Studentencercel op d’Hëllef vun engem Deel vu senge Memberen zielen. Eng 80 bis 90 Leit, déi fräiwëlleg zerwéieren, Cocktaile mixen oder d’Tickete bei der Entrée scannen. Verschidde Comitésmemberen hunn den Owend selwer eng speziell Aufgab als sougenannte “Leefer”, erkläert de Filip Marth.

"E puer Comitésmemberen, déi och immens wichteg fir de Bal sinn, déi um Bal owes selwer einfach iwwer de ganze Bal lafen a kucken, ob et iergendenger Persoun net gutt geet, déi Éischt Hëllef bréngen. D'Alumni-Bar, déi huet zum Beispill kee Waasseruschloss, déi mussen ëmmer e Bidon Waasser erabruecht kréien, fir datt do Waasser dran ass."

Den Zürecher Bal an d’Organisatioun, déi domat verbonnen ass, kascht natierlech och Suen, an dat net ze knapps. Trotzdeem géif et sech awer rechnen, seet de Filip Marth, deen awer keng genee Zuelen nenne wëllt.

"Kloer rechent et sech, well mir maachen dat fir eise Cercle, datt mir zu Zürech iwwer dat ganzt Joer laang kënne flott Aktivitéite maachen. Dowéinst schaffen eeben esou vill Memberen och um de Bal. Mir si schonn déck am sechsstellege Beräich fir de Käschtepunkt, mee méi soe mir do elo net dozou."

Et kéim méi eran, wéi ee géif drastiechen, an awer wier d’Marge net esou grouss, wéi verschidde Leit dat géife mengen, esou nach de Vizepresident vum LSZ.

"Et ass dat, wat ville Leit net bewosst ass"

D’Leit, déi op de Bal kommen, géifen och dacks vergiessen oder guer net richteg realiséieren, datt de gréisste Studentebal am Land mat 4.500 Visiteure wierklech reng vun engem 14-Leit grousse Studentencomitée géif organiséiert ginn, mierkt de Filip Marth un.

"Et gëtt oft Leit, déi um Owend selwer an d'Bar froe kommen, mat engem e bësse kuerz schwätzen, well grad de Moment ass, an da fënnt een dee Moment eréischt eraus, datt am Fong einfach 14 Studenten dat virun allem organiséiert hunn, an dann um Owend selwer nach eng Kéier eng 80 Leit hëllefen. Et ass einfach dat, mengen ech, wat villen Leit net bewosst ass."

An duerno gëtt geraumt 

Och dëst Joer kënne sech d’Zürecher Studenten nees op e Succès freeën. Dräi Deeg virum Bal waren d’Ticketen nämlech komplett ausverkaf. Mee wéi erkläert de Filip Marth sech, datt grad de Bal vun den Zürecher Studenten nach ëmmer all Joer sou vill Leit unzitt?

"Ech mengen, et läit einfach ganz staark drun, dass et de 25. Dezember owes ass, an och eeben de Kader an der Tenue correcte, wou eeben d'Männer am Kostüm kommen, d'Fraen am Oweskleed. Et ass einfach déi ganz Ambiance."

Mee no der grousser Party heescht et awer fir d’Studenten an d'Studentinne vum Zürecher Cercle natierlech och erëm opzeraumen. Schliisslech musse si d’Luxexpo nom 25. Dezember erëm an hirem Originalzoustand zeréckginn.

Schonn um Owend selwer, respektiv muer de Moien um 4 Auer, gëtt ugefaange mat raumen.

play_arrow Lauschteren