arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zukünftegen ADR-Deputéierte Michel Lemaire wëll Linn vu Virgänger weider féieren

Chamber

|
headphones

2 min

headphones

15 min

play_arrow

Zukünftegen ADR-Deputéierte Michel Lemaire wëll Linn vu Virgänger weider féieren

Den zukünftegen ADR-Deputéierte Michel Lemaire mengt, datt seng Politik sech net grouss, vun där vu sengem Virgänger Jeff Engelen, ënnerscheede wäert. Dat sot den Nordpolitiker am 100,7 Interview. Hien réckelt am November fir den ADR-Norddeputéierte an d'Chamber no.

headphones

2 min

headphones

15 min

play_arrow
Michel Lemaire | © Morgane Weidig
(Foto: Morgane Weidig)

Hien géif d’Wäerter vun der ADR op ganzer Linn vertrieden, esou den zukünftegen Deputéierte Michel Lemaire. Och dem Fernand Kartheiser seng Positioun zu Russland fënnt hie gutt. Et misst een méi den Dialog sichen, esou de Michel Lemaire:

"Et gëtt oft sou duergestallt, wéi wann de Fernand Kartheiser do hannen hinner geet an hinne fléift oder hinnen iergendwéi positiv entgéint kënnt"

Hien ass der Meenung, datt de Lëtzebuerger Europadeputéierte géif haart Diskussiounen a Russland féieren. 

De Fernand Kartheiser war ënner aanerem wéinst pro-russesch-Aussoe aus senger senger riets-konservativer Fraktioun, der EKR, am Europaparlament ausgeschloss ginn. 

Hien hat ënnert anerem een Interview an enger russescher Zeitung ginn an deem hien d'EU Sanktiounen ugeprangert hat. 

ADR-Norddeputéierte

De Michel Lemaire réckelt den 19. November fir de Jeff Engelen um Krautmaart no. 

Hien louch bei de Chamberwalen 2023 op der Lëscht am Norden eng Plaz hannert dem Jeff Engelen, an hat den Anzuch an d’Chamber deemools knapps verpasst.

play_arrow Lauschteren