Radioen

On air

Notturno  |  Adrianne Lenker - Fool

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Zuel vun de Grippeninfektioune klëmmt fir déi fënneft Woch hannereneen

Santé

Zuel vun de Grippeninfektioune klëmmt fir déi fënneft Woch hannereneen

D‘Grippeninfektiounen zu Lëtzebuerg gi weider an d‘Luucht. D‘lescht Woch gouf et bei der Gripp eng staark Hausse, vun 375 op 745 Fäll. Dat waren der duebel sou vill, wéi d‘Woch virdrun, esou der Santé a Sécurité Sociale hire Réckbléck op d‘Otemerkrankungen d’lescht Woch.

auto_stories

1 min

Illustratioun Gripp | © picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod
Foto: picture alliance/dpa | Bernd Weißbrod

Et war déi fënneft Woch hannereneen an där d‘Grippeninfektioune geklomme sinn. Fir d‘Santé ass dat d‘Confirmatioun, datt déi am Wanter üblech Grippewell voll am gaangen ass.

D‘Ministèren erënneren drun, datt et nach méiglech ass, sech géint d‘Gripp impfen ze loossen. Eng Impfung wier dat bescht Mëttel, sech géint d‘Gripp an eventuell Komplikatiounen ze schützen.

Beim Covid 19 bleiwen d‘Infektioune relativ niddereg: Mat enger liichter Augmentatioun d’lescht Woch, vun 98 op 109 Fäll.