arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zuchverbindunge mat der Belsch sollen erweidert ginn

Mobilitéit

|
headphones

1 min

Zuchverbindunge mat der Belsch sollen erweidert ginn

Lëtzebuerg an d‘Belsch wëllen an Zukunft d‘Zuchverbindungen tëschent béide Länner weider ausbauen. Dofir hunn d‘Mobilitéitsministesch Yuriko Backes an hire belschen Homolog gëschter eng Lettre d‘intention zu Libramont ënnerschriwwen.

headphones

1 min

© Rob Dammers
(Foto: Rob Dammers)

Béid Länner engagéieren sech doran, d‘Eisebunnsinfrastrukture weider ze moderniséieren, d‘Offer fir d‘Passagéier auszebauen an och de Giddertransport op der Schinn weider ze entwéckelen.

Ënner anerem soll och d‘Zuchstreck Lëtzebuerg – Bréissel optimiséiert ginn, fir datt deen Trajet méi séier soll ginn.

Béid Säiten engagéiere sech zënter Joren ëmmer nees fir Verbesserungen op der Zuchsstreck Lëtzebuerg - Bréissel, ouni grouss Fortschrëtter.