Beim Accident den 28. Februar zejoert ware 57 Leit ëm d‘Liewe komm. Dat nodeems zwee Zich frontal anenee gerannt waren. D‘Oppositioun gehäit der Regierung vir, d‘Sécherheet vum Zuchreseau jorelaang vernoléissegt ze hunn. Dat hätt d‘Regierung awer wëlle vertuschen, andeems se d‘Schold um Accident ganz op e Feeler vum zoustännege Chef de Gare geluecht hätt.
De Mësstrauensvott soll den Owend spéit géint Mëtternuecht Lokalzäit sinn.