De spueneschen Inneminister huet nom déidlechen Zuchaccident virgëschter um Sonndeg d‘Hypothees vun engem Sabotage-Akt ausgeschloss.
Genee Ursaach nach net gewosst
De spueneschen Transportminister sot awer, et kéint nach Deeg oder souguer Méint laang daueren, bis genee gewosst ass, wat zum Accident geféiert huet. D‘Streck war réischt am Mee renovéiert ginn. De Bilan vum Zuchaccident läit elo bei 41 Doudeger. Dëst Zuel wier just provisoresch, esou d‘Autoritéiten. Et géifen nämlech am Ganzen nach 43 Persoune vermësst ginn. A Spuenie sinn 3 Deeg Staatstrauer ausgeruff ginn.
Keng Informatiounen ob Lëtzebuerger ënnert den Affer sinn
De Lëtzebuerger Ausseministère huet iwwerdeems bis elo nach keng Informatiounen, ob eventuell Lëtzebuerger ënnert den Affer sinn. Dat huet den 100,7 op Nofro hi matgedeelt kritt.