arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zu Rued-Sir gëtt elo ouni Computer, mee mat Tafel, Kräid a Bläistëft Schoul gehalen

Vandalismus

|
reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow

Zu Rued-Sir gëtt elo ouni Computer, mee mat Tafel, Kräid a Bläistëft Schoul gehalen

An der Schoul zu Rued-Sir gouf bannent de leschten zwee Deeg intensiv geraumt a gebotzt, fir datt de Schoulbetrib e Méindeg nees normal ufänke kann. Um Ouschterweekend waren Onbekannter an d'Gebai agebrach an hunn do randaléiert an haaptsächlech technescht Material futtigemaach.

reading time

4 min

headphones

4 min

play_arrow
Vandalismus an der Schoul Rued-Sir  | © Sophie Schroeder
Vandalismus an der Schoul Rued-Sir (Foto: Sophie Schroeder)

An der Primärschoul zu Rued-Sir gesäit et erëm bal esou aus, wéi wann näischt geschitt wier. Zënter e Mëttwoch leeft hei d’Opraumaktioun op Héichtouren.

Nodeems d’Police an den Expert vun der Assurance bis do waren, goufen hei Schierbelen ewechgeholl, Miwwelen nees op déi richteg Plaz geréckelt a futtis Bildschiermer ewech geraumt. Eng Dose Leit vum Service Technique vun der Gemeng waren dofir am Asaz.

Geklaut gouf wuel näischt

Bei den Opraumaarbechten a bei der Spueresécherung vun der Police ass opgefall, datt sech déi Onbekannt haaptsächlech op d’Zerstéiere vu Computeren, digitalen Tafelen a soss informatescht Material konzentréiert hunn. Och wa villes muttwëlleg zerstéiert gouf - geklaut gi wier dobäi näischt.

Op d’mannst wier bis elo nach näischt an deem Sënn opgefall, seet de Buergermeeschter Marc Ries. 

"Mir hunn hei iwwer 300 Kanner, do sinn och Privatsaachen dobäi, do kann et natierlech sinn, datt nach eppes feelt. Mir menge mol net, well si hu grondsätzlech d'Privatsaachen net ugepaakt gehat."

Insgesamt néng Klassesäll ware vun der Verwüüstung betraff. E puer Schied kënnen net direkt gefléckt ginn. Beschiedegt Fënstere gi provisoresch zougemaach, an e spezielle gliesene Buedem muss komplett ersat ginn.

Ee Klassesall an der Schoul vu Rued-Sir wou Vandalismus bedriwwe gouf | © Gemeng Betzder Facebook
Ee Klassesall an der Schoul vu Rued-Sir wou Vandalismus bedriwwe gouf (Foto: Gemeng Betzder Facebook)

Tafel a Kräid, Bläistëft a Blat

Och nei Computeren an digitaalt Material mussen nach bestallt ginn a kënnen net vun haut op muer do sinn. Fir déi éischt Zäit wäert d’Schoul also och musse provisoresch schaffen. De Buergermeeschter denkt do pragmatesch.

"Ech hunn nach geléiert mam Schoulmeeschter, dee mat der Kräid un der Tafel stoung an ech hat e Bläistëft an e Blat. Do kënne mir och eis aushëllefen, fir déi éischt Zäit dann ouni de Computer Schoul ze halen."

Zwar wier de Site vun der Schoul Video-iwwerwaacht, mee wéi et schéngt hätten d’Täter gewosst, wou d’Kameraen hänken. Si wieren nämlech op kenger ze gesinn.

Privat Sécherheetsfirma elo agestallt 

Elo hätt een decidéiert, d’Sécherheetsmesuren ze verschäerfen. 

"Et komme méi Kameraen a mir wäerten och all déi Ecken, déi momentan net anzegesi sinn, déi wäerte mir mat Kamerae bestücken, fir datt mir dann e Gesamtiwwerbléck hunn an datt an Zukunft, falls ee soll esou abriechen, dann ass e sécher op enger Kamera mat drop." 

Et hätt een och eng Privatfirma agestallt, esou de Buergermeeschter. 

"Déi elo och owes hei ass an déi dann och ëmmer erëm kontrolléiert geet, ob Leit hei sinn, déi näischt hei verluer hunn an esou weider."

Vu datt de gréissten Deel vun den Opraumaarbechte scho fäerdeg wier, kéint e Méindeg d’Schoul no der Ouschtervakanz och nees normal opgoen. Dem Marc Ries no wier hei d’Sécherheet vun de Schüler:innen am wichtegsten. D'Kanner solle wa méiglechst näischt vum Schued gesinn. 

"Datt d'Schoul ufänkt wéi normal. Natierlech soll och doriwwer geschwat ginn, et soll och dat diskutéiert ginn, wat hei virgefall ass, et soll net ignoréiert ginn, mee mir wëllen awer, datt d'Kanner positiv erëm an d'neit lescht Trimester erastarten."

Dëst dierft sech op kee Fall widderhuelen, esou de Betzder Buergermeeschter. D’Enquête vun der Police leeft iwwerdeems weider.

Vandalismus an der Schoul zu Rued-Sir  | © Sophie Schroeder
Vandalismus an der Schoul zu Rued-Sir (Foto: Sophie Schroeder)

play_arrow Lauschteren