arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Ursaach vum Funiculaires-Accident zu Lissabon weider onbekannt

Portugal

|
headphones

1 min

Ursaach vum Funiculaires-Accident zu Lissabon weider onbekannt

D'Police huet eng Enquête opgemaach a seet, si géifen alle méigleche Pisten nogoen. D'Behaaptungen a portugisesche Medien, datt e Kabel gerass wier, oder datt d'Maintenance net richteg gemaach gi wier, wiere reng Spekulatioun, esou e Spriecher vun der Police.

headphones

1 min

© EPA/MIGUEL A. LOPES
(Foto: EPA/MIGUEL A. LOPES)

Ënner de 16 Doudesaffer vum Accident si 5 Portugisen, zwee Koreaner an ee Schwäizer, hat de Parquet zu Lissabon den Donneschdeg matgedeelt. Mee nach wieren net all Doudesaffer identifizéiert. Den däitschen Ausseministère hat den Donneschdeg matgedeelt, datt och Däitscher ënner den Doudesaffer wieren.

Lëtzebuerger si keng ënner den Affer, huet den Ausseministère eis confirméiert.