arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zu Lëtzebuerg si keng zousätzlech Tubak-Verbueter virgesinn

Tubak-Reglementatioun

|
reading time

2 min

headphones

4 min

play_arrow

Zu Lëtzebuerg si keng zousätzlech Tubak-Verbueter virgesinn

A Frankräich dierf net méi op Plaze gefëmmt ginn wou alldeeglech Jonker zesummekommen. Ronderëm Schoulen a Sportsplazen, mee och a Parken, Plagen an op Busarrêten déi iwwerdaacht sinn. D’Zil ass et, den Tabak ze ent-normaliséieren an de Konsum ze reduzéieren. Mee wéi gesäit et zu Lëtzebuerg aus?

reading time

2 min

headphones

4 min

play_arrow
© picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Michael Bihlmayer)

Zu Lëtzebuerg si keng zousätzlech Verbueter am ëffentleche Raum virgesinn. Dat obschonns an der Chamber aktuell en neit Anti-Tabak-Gesetz diskutéiert gëtt. Zu Lëtzebuerg läit de Fokus vun der Politik op der Preventioun an net op dem Verbuet, seet den DP-Vizepresident vun der Chamberkommissioun fir Gesondheet Gerard Schockmel.

Et wéilt een evitéieren, déi individuell Fräiheet duerch en allgemengt Gesetz ze vill ze aschränken, sou nach de Gerard Schockmel. Mee Preventioun eleng geet net duer, warnt de Lex Schaul vun der Fondation Cancer. Dës wier nëmmen a Kombinatioun mat méi Mesuren effikass. Engersäit politesche Mesuren, strukturelle Mesuren, mee och Sensibiliséierungs- an Informatiounsmesuren.

"Also et ass wierklech eng Kombinatioun aus ville Mesuren déi wichteg ass. Déi een och alleguer gläichzäiteg muss attackéieren, fir datt een wierklech eppes erreeche kann."

Djuna Berard fir méi restriktiv Politik

De Projet de Loi vun der Regierung fir en neit Anti-Tabak-Gesetz gesäit keng Erweiderung vum Fëmmverbuet vir – amplaz soll de Verkaf vu Produite mat Nikotin manner attraktiv gemaach ginn. Fir déi Gréng Deputéiert Djuna Berand ass dat net genuch. Preventioun eleng géif net duergoen, et bräicht och eng méi restriktiv Politik.

D’Djuna Bernard mierkt un, datt et Partei-iwwergräifend Onstëmmegkeeten zu där preventiver Approche vun der Regierung gëtt. Obwuel sech zënterhier an den Nopeschlänner vill gedoen huet, confirméiert de Gesondheetsministère, datt d’Positioun aus dem Dezember nach ëmmer gëllt. Deemools hat d‘CSV Gesondheetsministesch Martine Deprez am 100,7 Interview gesot, d’Regierung hätt keng politesch Missioun d’Fëmmverbuet ze verschäerfen. Aus dem Koalitiounsaccord géif keen Optrag ervirgoe fir op dem Punkt aktiv ze ginn. Eventuell EU-Direkte misst een awer ëmsetzen, sou d‘Martine Deprez.

Doriwwer eraus wieren en Deel vun den europäeschen Recommandatioune scho méi laang am Lëtzebuerger Gesetz verankert, sou nach d’Martine Deprez am Dezember. Zum Beispill datt d’Fëmmverbuet och fir E-Zigarette gëllt. Eng Verschäerfung vum Fëmmverbuet op ëffentleche Plazen analog zu Frankräich ass zu Lëtzebuerg deemno net ze erwaarden.

play_arrow Lauschteren