arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zu Lëtzebuerg schaffe 6,4 Prozent vun de Leit méi wéi 49 Stonnen d'Woch

Ënner europäescher Moyenne

|
headphones

1 min

Zu Lëtzebuerg schaffe 6,4 Prozent vun de Leit méi wéi 49 Stonnen d'Woch

Dat geet aus enger neier Eurostat-Etude ervir. Domat läit Lëtzebuerg knapp ënnert der europäescher Moyenne vu 6,6 Prozent.

headphones

1 min

Dee Prozentsaz ass an de leschte Joren progressiv erofgaangen. 2014 louch den Taux vun deenen, déi op d‘mannst 49 Stonnen an der Woch schaffen, bei 9,8 Prozent, 2019 nach bei 8,4 Prozent.

Vun den europäesche Länner ass Griicheland dat, wou déi meescht Leit 49-Stonne-Wochen oder méi hunn, nämlech iwwer 12 Prozent. Duerno kënnt Zypern a Frankräich mat ronn 10 Prozent. Déi niddregst Tauxen hu Bulgarien, Litauen a Lettland.