Geschriwwe vum Pebia Urban
Scho viru ronn 10 Joer huet d’Regierung decidéiert, datt zu Lëtzebuerg eng Ulafstell fir d’Mobilitéitsinnovatioun soll geschaf ginn. Zil wier et, datt Entreprisë sech kënnen zesummen doen, fir déi sougenannte Mobilitéit vu muer ze entwéckelen, esou de Lex Delles.
Och Goodyear wäert profitéieren
Fir d’Regierung wier d’Fuerderung vum Automobilssecteur eng vun de Prioritéiten, sou de Wirtschaftsminister.
“De Campus bitt de verschiddene Partie-prenanten eng Plattform un, wou se eebe grad dat Zesummekommen hunn, wou se d'Wësse kënnen deelen, wou se Iddie kënnen entwéckelen, hir Aktivitéiten awer och testen, validéieren an domat eeben och hir eegen Aktivitéiten ausbauen a stäerke kënnen."
Grad dës Synergië wieren de Message-clé vum ganze Site, esou den DP-Politiker.
De Vize President vu Goodyear, Xavier Fraipont, huet iwwerdeems annoncéiert, datt hiert Personal zukünfteg och op den Automobility Campus plënnert. Dëst ass fir Enn 2026 virgesinn.