arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zousätzlech Bäihëllefe fir eeler Mënschen

Chamber

|
reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow

Zousätzlech Bäihëllefe fir eeler Mënschen

Um Mëttwochmoie gouf an der Chamber e Gesetzesprojet (59 Jo-Stëmmen an eng Abstentioun) gestëmmt, den ënner anerem virgesäit d’Subside fir Persounen iwwer 65 Joer auszebauen, deenen hir Pensioun net duergeet, fir hiren Openthalt am Alters- oder Fleegeheem ze assuréieren.

reading time

1 min

headphones

1 min

play_arrow
Symbolfoto Altersaarmut | ©  picture alliance / photothek.de | Thomas Trutschel
Symbolfoto Altersaarmut (Foto: picture alliance / photothek.de | Thomas Trutschel)

Et sollen an Zukunft och finanziell Ënnerstëtzunge gi bei Déngschtleeschtungen, wéi der Wäsch wäschen, fir Hygiènesproduiten a Fernseh, Telefon an Internet. Iwwerdeems soll dat sougenannte “Täschegeld” liicht gehéicht ginn. 

Fraen éischter vun Altersaarmut betraff

Zu Lëtzebuerg sinn 11 Prozent vun de Leit iwwer 65 Joer dem Aarmutsrisiko ausgesat. Dobäi si Frae méi heefeg betraff wéi Männer. Eng alarméierend Erkenntnis, seet d’CSV-Deputéiert Nathalie Morgenthaler.

“Laut dem Statec läit den Aarmutsrisiko bei den Elengerzéier bei 44 %. Gläichzäiteg gi bal 90 % vun de monoparentalle Famille vun enger Fra gefouert. Wa vill vun den elengerzéiende Mammen haut schonn d'Enner um Enn vum Mount nëmmen nach mat knapper Nout zesummekréien, dann ass d'Altersaarmut a ville Fäll virprogramméiert. An dat däerf einfach net sinn.”

Den DP-Familljeminister Max Hahn huet iwwerdeems betount, datt ee bis Enn dës Joers eng digital Plattform wéilt hunn, bei deem ee seng Composition de ménage kann uginn an dann alleguer d’Aiden ugewise kritt, déi een ze gutt hätt. 

Iwwerdeems soll bis Enn dës Joers en nationalen Aktiounsplang géint d’Aarmut op d’Bee virgestallt ginn, esou nach de Max Hahn.

play_arrow Lauschteren