Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Nubiyan Twist - So Mi Stay

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zeréckzéien oder resistéieren: Wéi gesi Lëtzebuergesch Medienhaiser d'Notze vun X?

Medien

Zeréckzéien oder resistéieren: Wéi gesi Lëtzebuergesch Medienhaiser d'Notze vun X?

X ass niewent Haasskommentaren och ëmmer erëm wéinst der Verbreedung vu Falschnoriichten an d'Schlagzeile geroden. Wéi ginn déi Lëtzebuergesch Medienhaiser mat der Plattform ëm?

auto_stories

6 min

headphones

6 min

© Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Archiv

Déi brittesch Zeitung The Guardian an och déi spuenesch Zeitung La Vanguardia hunn d'lescht Woch annoncéiert, datt si hir Contenuen net méi um Elon Musk senger Plattform X publizéieren. Dëst, well op der Plattform Inhalter gedeelt a propagéiert géife ginn, déi ënner de Spektrum vu rietsextreme Verschwierungstheorien a Rassismus falen, esou The Guardian. Wéi gesi Lëtzebuergesch Medienhaiser dat, an denken si doriwwer no fir dem fréieren Twitter och de Réck ze dréien? 


Bei ville Lëtzebuerger Medienhaiser ass ee sech de Moment nach onsécher, wéi een am weidere Verlaf mat der Notzung vum Elon Musk senger Plattform X ëmgoe wäert. Den Tech-Milliardär hat Twitter am Joer 2022 no laangem hin an hier fir 44 Milliarden US-Dollar kaaft, an duerno an X ëmbenannt.

Deemools hate schonn eng Partie Notzer:innen der Plattform de Réck gedréit, well si net mam Elon Musk senger Strategie averstane waren.

Luxemburger Wort: X huet keng Prioritéit

De Jörg Tschürtz, Chef vum Publishing Team beim Luxemburger Wort, sot, bei him an der Redaktioun géif ee sech schonn zanter Längerem Gedanken driwwer maachen, wéi ee sollt mat der Verëffentlechung vun Noriichte mat journalisteschem Inhalt op X ëmgoen. D'Entscheedung vum Guardian X ze verloosse kéint ee gutt novollzéien, esou de Jörg Tschürtz.

"Ech muss awer ganz éierlech soen, dass déi Plattform nach ni fir eis eng grouss Prioritéit hat, wat lo eis Social Media Strategie betrëfft. Vun dohier elaboréiere mir lo, ob mir weider op der Plattform wëlle present sinn. Et ass sou, datt zu Lëtzebuerg haaptsächlech Politiker, Journalisten, Journalistinnen oder och Wëssenschaftler op der Plattform present sinn."

Et wier trotz allem, wat ronderëm geschitt, ëmmer nach eng gutt Aart a Weis fir sech auszetauschen, mengt de Jörg Schütz. Mee dat wier awer wierklech an engem ganz begrenzte Kader.

Lëtzebuerger Journal: Musk an der Trump-Regierung huet d'Faass zum Iwwerlafe bruecht

X war niewent Haasskommentaren och ëmmer erëm wéinst der Verbreedung vu Falschnoriichten an d'Schlagzeile geroden. An Brasilie war d'Plattform dowéinst zäitweis ganz verbuede ginn. Nom Stuerm op den amerikanesche Kapitol am Januar 2021 war dem Donald Trump säin Twitter-Account liewenslänglech gespaart ginn. Dat, well hie seng Supporter iwwer d'Plattform ugestiwwelt soll hunn, op Washington ze kommen.

Den Elon Musk huet dem Trump säin Account nees fräigeschalt

Viru Kuerzem gouf bekannt, datt de Musk ënner der neier Trump-Regierung d'Féierung vun engem Berodungsgremium iwwerhuele soll.

De Lëtzebuerger Journal huet leschte Freideg decidéiert d'Plattform ze verloossen: "Spéitstens mam Musk senger Ernennung ass d'Plattform irrecevabel d'Propaganda-Organ fir dem Donald Trump seng zukünfteg Administratioun ginn", esou de Journal an engem Artikel an eegener Saach. Et kéint een et net méi veräntwerten d'Notze vun der Plattform ze ënnerstëtzen.

RTL: D'Plattform net den "aneren" Acteuren iwwerloossen

RTL bléift virleefeg op X. Grad well do och Falschnoriichte verbreet ginn, dierft een der Plattform net de Réck dréien a weiderhin eng kritesch Stëmm bleiwen, esou de Luc Marteling, Directeur de l'information vun RTL.

"Esou e komplette Réckzuch ass ëmmer och kriddeleg, well een dann d'Welt aneren Acteure ganz iwwerléisst. Mir spillen do als RTL mengen ech zwar eng ganz kleng oder ganz bescheide Roll, mee mir sinn awer och nach present. Et ginn Argumenter, déi dofir schwätzen, et ginn Argumenter, déi dogéint schwätzen, esou datt ech net ausschléisse kann, datt mir vläicht an Zukunft eng aner Decisioun huelen."

De Luc Marteling kéint sech och virstellen, datt RTL sech temporär géing zeréckzéien, oder just nach als Observateur op der Plattform bleift. Mee "eng Zort Boykott" wier kuerzfristeg net virgesinn.

De Chris Schleimer, Co-Chefredakter vum Tageblatt, sot eis, bei hinne géif een d'Entwécklung vun der Plattform vun No suivéieren. Et géifen de Moment awer keng direkt Ustrengunge gi fir d'Plattform ze verloossen. X huet allgemeng fir d'Escher Dageszeitung keen esou e grousse Stellewäert als soziale Reseau. An et kéint jo och net schueden, e Géigegewiicht op X duerzestellen, seet de Chris Schleimer. 

Lauschterenplay_arrow

Och de radio 100,7 seet "bye bye X"

Zum 31. Dezember wäert och de radio 100,7 sech vun X zeréckzéienplay_arrow