arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Zentralstaat: Defizit vu 521 Milliounen Euro bis Enn September

Staatsfinanzen

|
headphones

2 min

Zentralstaat: Defizit vu 521 Milliounen Euro bis Enn September

D’Depensë vum Zentralstaat sinn déi éischt néng Méint 2025 ëm 7,5 Prozent geklommen. Dat am Verglach mam selwechten Zäitraum 2024. D’Recettë si bis Enn September dëst Joer ëm 2,7 Prozent geklommen.

headphones

2 min

Gilles Roth | © European Union
Gilles Roth (Foto: European Union)

De Finanzminister Gilles Roth huet um Dënschdeg d’Finanzsituatioun op den 30. September an den zoustännege Chamberkommissioune presentéiert. 

Gilles Roth schwätzt vu stabille Finanzen

Wärend de Minister d’Staatsfinanzen – trotz dem schwieregen Ëmfeld – en ligne mam Budget, an domat stabil gesäit, huet d’Oppositioun kritiséiert, datt d’Schéier tëschent Recetten an Depensë weider géif ausernee goen.

Op den 30. September louchen d’Recette beim Zentralstaat bei 21,7 Milliarden Euro: Dat waren 2,7 Prozent méi wéi an den éischten néng Méint 2024. Fir de Finanzminister Gilles Roth ass dat ee Grond fir vu stabille Finanzen ze schwätzen.

“Ech fannen, dass mir trotz engem schwierege wirtschaftlechen Ëmfeld - mir gesi wat am Frankräich lass ass, mir gesi wat an Däitschland lass ass - eis Staatsfinanze stabil sinn. Ech gesinn, dass besonnesch déi Steieren, wéi zum Beispill d'Kierperschaftssteier, wat d'Betriber bezuelen, dass déi sech gutt entwéckelen.”

Mee och de Finanzminister huet mussen zouginn, datt zum Beispill wéinst der Defense eng ganz Partie zousätzlech Belaaschtungen op de Budget 2026 géifen duerkommen.

Skepsis bei der Oppositioun

Op Säite vun der Oppositioun war een no der Presentatioun vun den Zuelen däitlech méi skeptesch. D’Recettë-Ressourcë wieren alles anescht wéi stabil, esou déi gréng Deputéiert Sam Tanson.

“Mir gesinn och weiderhin eng extreem grouss Ofhängegkeet par rapport zum Tubak, wou mir awer wëssen, dass op europäeschem Niveau eng Initiativ virläit, fir ab 2028 do eng Harmoniséierung ze kréien.”

Och den LSAP-Deputéierte Franz Fayot huet op der Recettësäit den Impakt vu reellem ekonomesche Wuesstem vermësst.

Et gesäit een natierlech engersäits, dass d'Zuelen net immens gutt sinn. Et ass eng Ekonomie, déi net méi ganz staark wiisst. Eng Revisioun komm vum Statec op 1 Prozent Croissance, wou se de Budget op 2,7 Prozent tabléiert huet. An et gesäit een och, dass eng ganz Rei Recetten net méi dynamesch wuessen.”

Wéi de Finanzminister Gilles Roth d’Akzenter fir d'Zukunft wëllt setzen, fir déi zousätzlech Belaaschtungen ze droen, dierft ee muer Mëttwoch beim Depot vum Projet fir de Staatsbudget 2026 gesinn.