search

/ Zentraliséiert Finanzmaart-Kontroll: Finanzminister Gilles Roth kritiséiert “E6”

EU-Investitiounsunioun

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Zentraliséiert Finanzmaart-Kontroll: Finanzminister Gilles Roth kritiséiert “E6”

D’EU muss zesummen zu 27 Länner Léisunge sichen: Esou reagéiert de Gilles Roth op ee Bréif, deen déi sougenannten “E6” un d’EU-Kommissioun geschéckt haten. Doran hat sech de Grupp vu sechs EU-Länner fir eng zentral Supervisioun ausgeschwat, wougéint sech Lëtzebuerg op EU-Niveau wiert.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Als zimmlech “vag” bezeechent de Lëtzebuerger Finanzministère a senger schrëftlecher Reaktioun, déi mir ugefrot haten, d’Virstellunge vun de sechs Länner.

Zu deem neie Format vun den “E6” gehéiere Frankräich, Däitschland, Spuenien, Italien, Polen an Holland. 

D’Finanzministeren aus dem “E6” hate sech déi lescht Woch an engem Bréif fir eng zentraliséiert Supervisioun ausgeschwat. Déi sollt sech allerdéngs op déi systeemesch relevant a grenziwwerschreidend Finanzmaart-Infrastrukture beschränken.

Net rieds vun der "ESMA" am E6-Bréif 

Et wier interessant, datt am Bréif net direkt rieds vun der ESMA, der Europäescher Banke-Kontrollagence zu Paräis, ass, esou d'Reaktioun vum Finanzministère.

Lëtzebuerg hat sech widderhuelt dogéint gewiert, eben der ESMA méi Pouvoir ze iwwerdroen, esou wéi d'Europäesch Kommissioun proposéiert hat. 

D'Supervisioun géif sech, esou wéi se déi sechs beschreiwen, just op ee bis zwee Acteuren zu Lëtzebuerg beschränken. De Bréif bléif deemno wäit hanner deem zeréck, wat d'Kommissioun proposéiert huet, esou de Finanzministère. 

Souwuel Frankräich ewéi Holland wieren an de leschte Joren “ganz Demandeur fir eng ESMA Surveillance” gewiescht. Sollte sech béid Länner an de Verhandlungen wierklech op déi Positioun beschränken, wéi se am Bréif formuléiert gouf, “kéint dat d’Sich no enger Léisung beschleunegen”.

Lëtzebuerg och géint eng beschränkten EU-Supervisioun

“Lëtzebuerg bleift allgemeng der Meenung, datt d’EU-Opsiicht keng Léisung ass. Och net op deem beschränkte Creneau, deen am Bréif viséiert ass”, heescht et awer an der Stellungnam.

Nei wier, den Appell, fir bis Enn Juni een Accord ze fannen. Dat wier, en Vue vum aktuelle Stand vun deem “decken a komplexen” Dossier “ganz ambitiéis, fir net ze soen net realistesch”.

Um Schluss kritiséiert de Finanzminister déi Grupp vun de sechs Länner als ee Grupp, vun de “wéi si soen: gréissten Ekonomië vun der EU”. 

Et wier, dem Wësse vum Finanzministère no, “kee gefrot gi fir matzemaachen” an dat wier “vill kritiséiert” ginn.

D’Europäesch Unioun awer kéim nëmme weider, wann een zu 27 géing zesummen no Léisunge sichen, esou de Ministère.

play_arrow Lauschteren