No senger Walvictoire war dem Keir Starmer säin Honeymoon séier eriwwer. Zu Southport hat ee Mann Enn Juli d‘lescht Joer een Taylor Swift Danzcours iwwerfall an 3 kleng Meedercher ëmbruecht. An de Soziale Medien hunn sech falsch Informatiounen iwwert den Täter verbreet an et koum landeswäit zu schwéieren Onrouen. Randaléierer hu Flüchtlingszenteren a Brand gesat, Moscheeë beschiedegt a Polizisten attackéiert.
Explosiv Anti-Immigratiouns Stëmmung
Dës Masseprotester hunn ënnerstrach, wéi explosiv d‘Anti-Immigratiouns Stëmmung a Groussbritannien ass. Déi rietspopulistesch Partei Reform UK profitéiert vun dëser Roserei. Si läit an den Ëmfroen elo souguer viru Labour. De Keir Starmer huet reagéiert, an deem e ganz nei Téin ugeschloen huet.
„Mir wäerten endlech léieren, watet heescht, d‘Kontroll zréckzehuelen a mir wäerte wielen, wienheihinner kennt fir dass d‘Migratioun am Intressi vun eiser Natiounfunktionéiert“
Dat sot de de brittesche Premier Keir Starmer am Mee, wou e méi streng Mesurë fir Migranten ugekënnegt hat.
Fir vill Labour-Wieler ass dëst ee Rietsruck, fir deen si net gewielt hunn. Fir Rietspopuliste gräift de Keir Starmer allerdéngs nach ëmmer net streng genuch duerch.
De Frust iwwert d'Immigratioun sëtzt an der Bevëlkerung déif. Et kommen elo méi Migranten a Groussbritannie wei virum Brexit, an d'Zuel vun illegalen Arrivéeën iwwert den Äermelkanal ass och eropgaange.
Balanceakt
En neit Ofkommes mat Frankräich huet nach net wierklech fir Ofschreckung gesuergt, et kommen all Dag weider nei Booter un.
De Keir Starmer muss am neier Joer also e schwéiere Balanceakt maachen: Hie muss d‘Rietspopulisten diskreditéieren, an awer och gläichzäiteg d‘illegal Immigratioun an de Greff kréien. Well d‘Roserei an der Bevëlkerung, an och ënnert sengen eegene Wieler, gëtt ëmmer méi grouss.