D'Kämpf tëschent de Rebellen an der Arméi spëtzen sech weider zou. Méi ewéi 36.000 sudaneesesch Ziviliste wieren aus hiren Dierfer an Uertschaften am Oste vun Darfour fortgelaf, seet d‘UNO, eng Woch nodeems d‘RSF Miliz d‘Stad El Fascher eruewert huet.
Nord-Kordofan
Am Mëttelpunkt vun den ëmmer méi intensive Kämpft tëschent der sudaneesescher Arméi an de Rebelle stéing zënter Wochen de Staat Nord-Kordofan, e puer Honnert Kilometer ëstlech vun Darfour, esou déi International Organisatioun fir Migratiounen an engem Communiqué.
Arméi an RSF-Miliz zënter Abrëll 2023 am Krich
D'Arméi an d'Miliz RSF sinn zënter Abrëll 2023 am Krich. Si géifen elo ëm d'Stad Al-Ubayyid kämpfen. Dat ass d‘Haaptstad vum Staat Nord-Kordofan a wichtege Logistik- a Kommando-Zenter, deen Darfour mat Khartum verbënnt, a wou et och e Fluchhafe gëtt.
E Member vun der Rebelle Miliz sot an engem Video vu gëschter Owend, d‘Miliz hätt elo all hir Kämpfer un d‘Front bei d‘Stad Bara geschéckt. Awunner vun do soten der Agence France Presse, d‘Leit géifen sech net méi traue virun d‘Dier ze goen.
Verfollgung vun net-arabesch Communautéiten
D‘UNO huet Alarm geschloen: Och an der Stad Bara géif et Massaker vun Zivilisten duerch Membere vun der RSF Miliz. D‘UNO schwätzt vu systematescher "ethnescher“ Verfollgung, sexueller Gewalt an Entféierungen. Viséiert wieren, esou wéi virdru schonn zu El-Fascher, déi net-arabesch Communautéiten.
Weltwäit schlëmmster humanitär Kris
Am Krich am Sudan si schonn zéngdausende Mënschen ëm d‘Liewe komm, a bal 12 Millioune Leit si virun der Gewalt geflücht. D‘UNO schwätzt scho méi laang vun der weltwäit schlëmmster humanitär Kris.