Nieft zéngdausenden Zaldoten, déi defiléiert sinn, huet China seng neitste Waffe gewisen, dorënner Laserwaffen, nuklear ballistesch Rakéiten an Ënnerwaasser-Dronen.
De chineesesche President Xi Jinping sot an enger Ried, d'Renaissance vu China kéint net gestoppt ginn a China géif sech net aschüchtere loossen. Säi Land géif sech fir de Fridden asetzen an enger Welt, déi mam Choix tëschent Fridden a Krich konfrontéiert wier, esou de chineesesche President.
Eise Korrespondent Philip Crowther war live op der Plaz.